File:Stolpersteng Joseph Kinman a Jakob Hayum, 4, av. Dr Klein, Munneref-101.jpg

Original file(6,773 × 4,520 pixels, file size: 28.63 MB, MIME type: image/jpeg)

Summary

Description
Lëtzebuergesch: Als ofschléissend Aktioun am Kader vu "Mémoires communes - verfollegt, verdrängt, vergiess" huet d'Gemeng Munneref de 6. November 2015 eelef Stolpersteng vum däitsche Kënschtler Gunter Demnig verleeë gelooss. 18 Lokalassociatiounen hunn de Parrainage iwwerholl.
  • De Joseph Kinman, gebuer de 15. Dezember 1906 zu Warschau, verléisst seng Heemecht 1923 a kënnt 1927 op Munneref, nodeem hie virdunn zu Paräis an zu Bréissel geschafft huet. De 25. Mäerz 1928 bestit hien d'Jeanne d'Probst. 1935 associéiert säi Schwéierpapp, den Adolphe Probst hien un der Gérance vum Hotel Bristol, deen d'Famill Probst-Seckler kuerz virdrunn iwwerholl hat. Wéi de Familjebetrib du richteg prosperéiert huet, war dat net zur Freed vun der Konkurrenz. Et goung sou wäit dat d'Gendarmerie obligéiert war eng Enquête ze maachen woubäi awer näischt Negatives iwwer de Probst oder de Kinman eraus koum. An hirem Rapport hunn d'Gendaarme awer missen antisemitisch Aussoen notéiere wéi "Wie ist es nur möglich, dass so einem polnischen Juden hier der Betrieb eines Hotels gestattet wird?"

Beim Iwwerfall vun den däitschen Truppe flücht d'Famill Kinman-Probst a Frankräich wou se an der Géigend vun Nice ënnerkommen. 1943 wunne se ënner falschen Nimm zu Valence, wou si de 24. Dezember 1943 vun der Gestapo festgeholl gi wéinst "activité au profit de la résistance française, fabrication de fausses cartes d'identité pour les réfractaires du STO et pour les hommes du maquis". De Joseph Kinman kënnt an de Camp vun Drancy, vu wou hien de 27. Mäerz an d'KZ Auschwitz deportéiert gëtt. Ënner der Nummer 176258 gëtt hien engem "Arbeitskommando" zougedeelt. Hie stierft den 18. Mee 1944 - "tödlich verunglückt".


  • De Jakob Hayum gouf den 19. Juli 1908 zu Könen, haut e Staddeel vu Konz am Landkrees Tréier-Saarburg, gebuer. 1935 gëtt hie beschëllegt eng Falschausso an engem Prozess gemaacht ze hunn a wéinst Meeneed zu engem Joer an 9 Méint Prisong condamnéiert, déi hien zu Tréier, Münster an Herford ofgesat huet. Den 21. Juni 1938 koum hien als "Häftling 3823" an d'KZ Sachsenhausen, wou hien als "arbeitsscheuer Jude" agedroe gouf. Dunn huet säi Cousin Sylvain Hayum, Directeur adjoint beim Comptoir des fers et métaux, sech dofir agesat, datt hien e Permis de séjour fir Lëtzebuerg sollt kréien. Sou krut hien eng Openthaltserlaabnis fir zwéi Méint a koum den 28. September 1938 iwwer de Prisong vun Tréier op Lëtzebuerg. Well seng Pläng no Iwwerséi ze emigréieren awer kee Succès haten, huet hie gefrot fir de Permis prolongéiert ze kréien. Ënner der Conditioun op Munneref wunnen ze goen ass dat du geschitt.

Hien huet sech am jüdeschen Hotel Hemmendinger ugemellt a schéngt am Hotel Bristol bei der Famill Probst-Seckler geschafft ze hunn. 1939 huet de Jacques (wéi hie sech lo genannt huet) Hayum d'däitsch Nationalitéit verluer a krut provisoresch lëtzebuergesch Pabeieren. Kuerz vrum Amarsch vun den däitschen Truppen ass hien zesumme mat der Famill Probst a Süd-Frankräich geflücht, wou hien hir jéngsten Duechter d'Relly bestuet huet. De 7. Abrëll koum hir Duechter Paulette zu Montpellier op d'Welt. Zu Pierrefiche, wou hie bei engem Bauer geschafft huet, gouf den Hayum bei enger Razzia opgegraff a koum de 25. Februar 1943 an de Camp zu Gurs, an den Dag drop an de Camp zu Drancy. Mam "Convoi 50" gouf hien de 4. Mäerz an d'KZ Majdanek deportéiert, vu wou hien net méi zréck koum.

Seng Fra Relly, seng Duechter an d'Schwéiereltere konnten de 4. Mäerz 1943 an d'Schwäiz flüchten an hunn de 15. Juni 1945 d'Heemrees op Lëtzebuerg ugetrueden. Vum Hayum senger Famill huet just eng Schwester an e Brudder den Holocaust iwwerlieft.
Date
Source Own work
Author Jwh
Camera location49° 30′ 14.54″ N, 6° 16′ 48.43″ E Kartographer map based on OpenStreetMap.View this and other nearby images on: OpenStreetMapinfo

Licensing

Jwh at Wikipedia Luxembourg, the copyright holder of this work, hereby publishes it under the following license:
w:en:Creative Commons
attribution share alike
This file is licensed under the Creative Commons Attribution-Share Alike 3.0 Luxembourg license.
Attribution: Jwh at Wikipedia Luxembourg
You are free:
  • to share – to copy, distribute and transmit the work
  • to remix – to adapt the work
Under the following conditions:
  • attribution – You must give appropriate credit, provide a link to the license, and indicate if changes were made. You may do so in any reasonable manner, but not in any way that suggests the licensor endorses you or your use.
  • share alike – If you remix, transform, or build upon the material, you must distribute your contributions under the same or compatible license as the original.

Captions

Add a one-line explanation of what this file represents

Items portrayed in this file

depicts

49°30'14.54314"N, 6°16'48.42818"E

6 November 2015

0.0125 second

70 millimetre

image/jpeg

File history

Click on a date/time to view the file as it appeared at that time.

Date/TimeThumbnailDimensionsUserComment
current00:19, 27 November 2015Thumbnail for version as of 00:19, 27 November 20156,773 × 4,520 (28.63 MB)JwhVicuñaUploader 1.20
The following pages on the English Wikipedia use this file (pages on other projects are not listed):

Global file usage

The following other wikis use this file:

Metadata